Zu enger Zäit an där den Individualismus zum héchste Gutt erklärt gëtt a wou déi nei Medien eis zu engem parallele Liewen an enger ëmmer méi virtueller Welt alueden, ass a bleift de Bénévolat eng vun de wichtegsten Aufgaben.
Dass een en Deel vun senger Fräizäit opfert an där ee sech fir anerer asetzt, ass eng Erfahrung déi net z'ersätzen ass an erlaabt eis de Matenaner, deen zu dëser Zäit vill ze vill vernoléissegt gëtt, erëm ze stäerken.
Zu Lëtzebuerg engagéieren sech dausende vu Leit als Bénévole an enger oder méi Organisatiounen. Laut dem Luc Pauly vun der Agence vum Bénévolat sinn eng ronn 3.300 Associatiounen zu Lëtzebuerg registréiert, an déi meescht vun hinnen si frou wa Leit, déi ouni Selbstzweck hëllefe wëllen, sech bei hinnen engagéieren.
De Flavio, d'Lauridania, d'Lisa, d'Maysan, de Patrick an de Steven si just e puer Beispiller vu Jonken déi sech als Fräiwelleg engagéieren. Nieft dem Gefill eppes areecht ze hunn, hunn dës Jonk op sozialem Plang och verstan, dass des Aart a Weis sech anzesätzen eng Beräicherung vun hierem Liewen duerstellt.
Laurent Moyse